D'ILNAS

De Lëtzebuerger Institut vun der Normalisatioun, der Accreditatioun, der Sécherheet an der Qualitéit vu Produiten a Servicer (ILNAS) ass eng ëffentlech Verwaltung, déi ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsminister steet.

En ass virun allem zoustänneg fir d'Normalisatioun, d'Accreditatioun vun Organismen, d'Bewäertung vun der Conformitéit, d'Maartopsiicht (Produiten, déi keng Liewensmëttele sinn), d'Kontroll vun der allgemenger Sécherheet vun de Produiten, d'Opsiicht vun de vertrauten Déngschtleeschter (z.B. : elektronesch Ënnerschrëft) an d'Déngschtleeschter fir d'Dematerialisatioun oder d'Konservéieren (PSDC), d'Ariichtung vun enger nationaler Infrastruktur fir Metrologie a fir d'Ëmsetzung vun der Legislatioun betreffend d'gesetzlech Metrologie, d'Ernennung vun notiféierten Organismen, d'Kontroll vun de bewäerte Verfahren a Laboratoiren an d'Matdeelungen un d'Europäesch Kommissioun an un aner EU-Staatsmember vun all Normenentworf, souwéi vun all Projet vun aneren normativen Dokumenter ier si am nationale Recht adoptéiert ginn..

Aktualiséiert